Carte blanche vum Françoise Hetto: Wat ass schif gelaf?
Reegelméisseg ass op RTL an och an anere Medien ze héieren an ze liesen, dass mer zu Lëtzebuerg, mee warscheinlech net hei eleng, e reelle Probleem hu mat verhalensopfällegen, jo esouguer gewaltbereete Kanner a Jugendlechen. Rezent nach gouf an deem Sënn deen neien Aktiounsplang vum Ministère virgestallt fir Kanner mat sozio-emotionale Schwieregkeete besser z'encadréieren.
Mä d'Fro ass: wisou pléischtere mer just? Wisou gëtt de Probleem net bei der Wuerzel ugepaakt? Eng Carte blanche vum Françoise Hetto, fréier CSV-Ministesch.